Donnerstag, 20. Oktober 2016

Interview mam Olga Reiff

Moien Olga, mir treffen eis hei an der "Mesa" (maison de transition) zu Esch/Alzette, wou du hannert dem Comptoir  stehs an hellefs. Fir dono hues de eng Klanggeschicht fir Kanner organiseiert. War's du vun Ufank un dobei beim Projet "Mesa" ? Waat hues du beigedroen?

Foto: Norry Schneider: Wandmalerei an der Mesa

- Jo, ech war kuerz virun der Eröffnung am Mee 2016  dobei. Mein Beitrag war z.B.
 d' Wandgestaltung  am Café an am Gank (d’Bild ass net vu mir, ech hun et nemmen gemolt)

©Murel/Mesa/Olga Reiff/Esch-Alzette/1o.2
an ech hun vum Juni un all 2ten Donnerschten Mettes en Famillien-Kaffi organiseiert. 
Ech fannen et wischteg dat d Famillien eng Plaaz hun wou se kennen mat hieren Kanner eng Taas Thei/Kaffi drenken - oder och näischt konsuméieren, well dat muss een an der Mesa net - an gudden selwergemaachen Kuch iessen. D' Kanner kënnen zesummen spillen oder Bicher kucken. Ech wollt eng Plaz fir Famillien schaafen, fir sech ennereneen kennenzeléieren an sech auszetauschen. Dat huet mir zu Esch als jonk Mamm ëmmer gefeelt.


Foto: Norry Schneider: Am Familljecafé

Seit desem Mount haten d’Letizia Panunzi, eng Musekstherapeutin, an ech, d'Idee e Musekaleschen Atelier z’organiséieren. All Kéiers gëtt eppes aneschtes ugebueden. Haut war et eng Klang-Geschicht. Dat heescht ech zielen eng Geschicht, wou d Kanner kennen aktiv mat einfachen Instrumenter matmachen. Wann een interesseiert as: di nächste Kéier ass den Atelier Donneschden den 20. Oktober um 16h. De Familiencafé ass vun 14.30 bis 17.30 op. Ween Interesseiert as fend den Programm um Facebook: https://www.facebook.com/mesabytransitionminett/?fref=ts

Dat klengt interessant! 
 (Ech mengen ech machen en eenzelnen Blogpost iwert d' Mesa ).

Awer lo mol zu dir, ech wollt jo eigentlesch iwer dech schreiwen ;-) 

Also, du bas Kenschtlerin, Illustratorin, Bloggerin, Mam... hun ech nach eppes vergiess?
 Fir dei Leit wou dech nach net kennen, kinns du dech kuerz virstellen?
- Dat ass guer net sou einfach… ech iwwerleen selwer oft, wat ech misst op meng Visitenkärtchen schreiwen… am beschten soen ech, dat ech von menger Formatioun Iwwersetzerin sin (Franséisch an Russesch), awer zanter 6 Joer rem dat maachen, wat ech am léiwsten hun, an dat ass Zeechnen an Geschichten fir Kanner an Jugendlecher schreiwen. Ech illustréieren meng eegen Geschichten an ech schaffen fir Klienten, wéi z.B. den Escher Déierepark oder Werbe-Agenturen. 




Also et kéint ee soen,  ech schaffen als freiberuflech Illustratorin an Schrëftstellerin. Wat ech soss nach sou ubidden, kann een noliesen op menger Homepage ;-)


Bei der  Collektiv-Ausstellung "Quartier3" zu Esch hues du mat dengem "ABC der Angst" matgemaach (den Blogpost fand der hei  http://murelscorner.blogspot.lu/2015/05/quartier-3.html)
wei war deng Erfahrung?
- Fir mech war dat en supert Erliewniss. Firun allem dei Gruppen zesummenabescht. D' war net wei bei aneren Ausstellungen wou jidereen seint opriit, seint mescht, a ferdesch. Sondern mer hun all zesummen un dem Projekt geschafft an dat zesummen realiseiert.

©Murel/Qurtier3/Esch-Alzette/o5/2o15
Wei as et dono weider gangen? Has de  nach aner Ausstellungen?
- D' "ABC der Angst" hun ech dono nach zu Insbrück ausgestallt. Hun just nach puer "Eistreischeg- Ängst" ergänzt.

( lachen) Hun dei aner Ängst wei mir ? 
 - Jo : z.B. „ Angscht firun Auslänner" an „ Angscht firum Femm-verbot“, dee 2015 aktuell gouf. Dat war vläit eng Panik! Ech hun dat immens witzeg fonnt. Et kann een heiansdo nëmmen nach laachen, wann et ze krass gëtt.
Ech änferen dem Olga: oh, ech mengen dei Ängscht gouf oder get et leider awer och hei!

Wei as et mat dengem Sketchbook-Grupp? Trefft ier iech nach emmer fir zesummen fir ze molen?
- Den Urban Sketchers Grupp trefft sech nach emmer eemol de Mount, awer dofir hun ech keng Zäit am Moment. Main Agenda ass lo schon zimlech voll…

Get et Kenschtler (dei schon doud sin oder nach liewen) dei dech inspireieren, oder ges du eischter vum Alldag an der Natur inspireiert?
- Di zwee. Ouni an d Alldagsliewen an d’Natur ze kucken, kéint ech net zeechnen. Ech zeechnen jo ganz vill „live“, also als "dessin d’observation“ fir herno an mengen Illustratiounen ze wëssen, wéi eppes ausgesäit. An do gett et Leit, di et immens gutt hikritt hun, méi ze weisen, wi een op den éischten Bléck gesäit. Di mat der Fieder a mat schwarzer Tënt gezaubert hun. An enger Zäit, wou et nach keng Fotoe gouf fir nozekucken, wéi eppes ausgesäit, war dat jo immens wichteg. Dat sin déi Kënschtler, déi mech inspiréieren. Rembrandt, dee jo e fantasteschen Zeechner war, oder Michelangelo, an dann 400 Joer méi spéit di deitsch Karikaturisten wéi F.K. Waechter, Tomi Ungerer, oder och d’Marie Marx, déi immens vill gezeechnet huet, obwuel si e puer Kanner hat, sou wéi ech ;-)

Hei e Beispill extra fir Murel’s corner:  eng onveröffentlecht Karikatur aus mengem Skizzenbuch: Wat mir sou duerch de Kapp geet, wann ech rëm bei der Wäsch stinn am  Plaaz um Zeechendësch ze sëtzen ;-)


Olga Reiff: „Mein Leben ist bunt!“ Tusche und Aquarell auf Papier, 2015.
Merci, dat as awer flott!

Ech wollt nach froen, du bas gebiertesch aus Eistreisch?
- Jo, ech sin mat 24 Joer zu Insbruck fortgangen

An firwaat op Esch???
-(lacht) Mein Mann as en echten Escher.












An du fills dech zu Esch Doheem?
- Jo, ech fillen mech ganz gudd hei. Emmer wann ech zereck an Tirol gin, spieren ech dat ech do net wéilt liewen. Et war mir jo och deemols ze „enk“. z.B. sinn ech zu Insbruck oft vun onbekannt Leit gefroot gin, firwaat ech Olga heeschen an vun wou ech dann keim…Dat wier dach keen éistrechesche Numm!  An dat bei der Vergaangenheet als K.uK. Monarchie mat souvill Völker an engem Staat… Hei ze Letzebuerg huet mech dat nach nie een gefroot. Ausser et war ee wierklech u mir intresséiert ;-)

Dat ech mech sou gudd hei zu Esch fillen huet awer och vill domat ze dinn, dat ech hei mäin Draam realiséieren: ech schreiwen an ech zeechnen an et gefällt souguer e puer Leit ;-)
Wei z.B. an mengem Blog schreiwen ech iwwer meng Stadt Esch, waat mir hei gefällt an waat een alles hei machen kann. D' get sou vill scheines. Et gëtt natiirlech och Sachen dei net sou flott sin, dei mech opreegen, awer ech well iwwer dat Besonnescht schreiwen,  dat vill Leit guer net sou matkréien.  Ech fannen et gudd an aussergewéinlech, datt et vill Saachen gett, dei jidereen sech leeschten kann, wei d' Schwemm oder de Galgienbierg : souguer d Fudder fir d' Deieren ass gratis! 
Dofir maachen ech Werbung fir Esch (e bëssen wéi d’Tirolwerbung et fir Tirol mecht ;-) An et liesen iwwregens och Follower aus Deitschland! 

Genee op dengem Blog: "Olga's Sketchbook" deels de eis net nemmen deng Erfahrungen aus Esch/Alzette, sondern och deng flott Illustratiounen. Get dorauser dann een Mol een Buch?
- Hmm wee weess? Hun lo mol e Kannerbuch geschriwwen an illustréiert, waat bei engem lëtzebuerger Verlag leit an hoffentlech geschwenn rauskënnt. 
Olga Reiff: Entwurf für „De Poli geet an de Bësch“, Tusche und Aquarell, 2015.
Ah cool, em waat geht et?
- em eng Beschcreche. Dei Idee en Buch ze schreiwen hat ech firun 5 Joer. Et geet em e klenge Jong an enger Bëschcrèche. Als Virbild hat ech natierlech eis super Bëschcrèche zu Esch!

Wéi ass dat deemols komm, dat s Du e Buch geschriwwen hues?
- Deemols hun ech opgehaalen ze schaffen. Ech hun missten eng Paus maachen - éischter eng Noutbremsung - fir rauszefannen waat ech mam Rescht vu mengem Liewen wëll ufänken. Eppes waat ech  onbedengt machen well. Dat war e richtegen Luxus, dat ech dat och konnt maachen. Mir hun dat an der Famill beschwat an meng Kanner a mäin Mann hu gesot, ech soll ophalen mat schaffen an léiwer eppes maachen, wat mech net krank mëcht. Dovunner hun ech och lo nach vill mei wei wann ech mir vu mengem Gehalt eng deier Posch kinnt kaafen (lacht). 

Daat fannen ech och!
Als Ofschloss willt ech nach onbedingt gären wessen: waat mess du moies als eischtes? An ouni waat gehs du nie aus dem Haus?
- Ech muss onbedéngt Kaffi drénken! Eng Taass, besser zwou, an am allerbeschten mat de gudde Bounen, déi ech beim Saro am Babbocaffè op der Stäreplaz kaafen. Dann sin ech réischt e Mënsch ;-) Wann ech kee Kaffi kréien, sin ech moies en Zombie :-)

Olga Reiff: „Flieg mit mir!“ Tusche auf Papier, 2015.

Also wann der nach mei iwert Olga wellt liesen oder seng Illustratiounen gesinn:
hei seng Homepage: http://www.olgareiff.com/
Kleine Wesen- Illustrationen: https://kleinewesenillustration.wordpress.com/

- Ech soen dem Murel e dëcken Merci fir de flotten Interview, an dat hatt bis  an d’Mesa komm ass fir ze schnëssen! Bis geschwënn!